NEWS

Léif Frënn,

hei eng Erënnerung an Invitatioun fir jiddereen vun Äersch. Et ass gläich Ouschteren, den Héichpunkt vum Kierchejoer – mir feieren, datt de Jesus méi staark ass wéi d’Sënn an den Doud. Mee keen Ouschteren ouni Karfreiden. De Jesus ass fir jiddereen gestuerwen. Och fir Dech!

Als Äntwert op dëse grousse Kaddo vum Jesus wëlle mir am Gebiet Merci soen. Den Här Äerzbëschof invitéiert dofir déi Jonk fir mat him op Karfreiden, den 19. Abrëll zesummenzekommen, ze bieden, äis ze erënneren an en Deel vum Jesus sengem Kräizwee ze goen.

De Kräizwee op Karfreiden: e besonnesche Moment vu Gebiet! Kommt mat Äre Frënn! De Rendezvous ass e Freiden, den 19. Abrëll ëm 15 Auer an der Stad virun der Kierch Saint-Michel (rue Sigefroi).

Père Michel Remery


Camping Jec

Den 17.-28.07. geet et JEC op de Camping Bourgone!

Mir fueren Moies an der Stad an Direktioun Cluny, eist Ziel ass Bergerie vum „Carmel de la Paix“ bei Mâcon an der Bourgone. De Carmel ass e Klouschter mat ca. 30 Uerdensschwësteren déi an aller Stëllt liewen, awer och Gäscht vun all Alter op huelen. Schwëstere kachen regional an ganz natierlech, vegan an vegetaresch ass kee Problem. Op dem JEC-Camping ginn vill flott Aktivitéiten wei Sport, Spiller, Ausflich, an schaffen mat de Schwësteren op  hirem Bauerenhaff oder hirem Gaart. Ab dem 25.07. si mir zu Taizé engem Duerf ronn 15 Kilometer nërdlech vu Cluny. Taizé ass den Treffpunkt vun e puer dausend  Jonker aus der ganzer Welt, di Jonk tauschen sech a flotten Atelieren iwwer vill Themen vu Gott an der Welt aus.

Den Sonnden den 28.07. kommen mir géit Owend erëm op Lëtzebuerg zréck.