MOYENS

Hey Moyen,

Bass du en motivéierte 14-16 Järegen?
Bass du interesséiert un spannenden Aktivitéiten?

Dann invitéiere mir dech Freides no der Schoul an eis Jecs Versammlungen um Belair ze kommen.

An der Jec léiers du nei Leit kennen a kanns souguer deng eege Frënn matbréngen.

Zesumme verbrénge mir flott Owender, bereesen Europa an am Summer gi mir op eise „Jecs-Camping“ an e Chalet an Däitschland.

Wann s du bis zwee Joer Moyen waars kanns du wéi mir, d’Formatioun zum Cheff maachen a kriss dobäi den offiziellen Animateursbrevet.

Wann s du mengs d’Jec wier eppes vir dech da freeën sech d’Véronique, d’Esther, d’Anne-Sophie, de Paul, de Loris an d’Kim op dech.