CADETS

Moien léiwe Cadet,

 

Du bass tëschent 12 a 14 Joer al,

a bis elo ass dës Beschreiwung nach ganz normal.

Du wëlls nei Leit kenneléieren,

mir sinn eis sécher, bei eis wäerts du dech secher net blaméieren.

Du hues Loscht op flott Aktivitéiten a Spiller,

déi nach méi spannend si wéi all Thriller.

Du wëlls dech ameséieren,

mee och nei Saache bäiléieren.

Dann bass du richteg an der JEC,

well bei eis stees du secher net am Eck.

Mir huelen dech ganz gären op,

well du bass secher cool drop.

Bei eis ass bal all Freiden eppes lass,

komm dach laanscht wann s du an der Géigend bass.

Deng Cheffenekipp