Camping an der Bourgogne

Summeraktivitéit an der Bourgogne

vum 17. bis den 28.07.2019

Mir fueren an d’Bourgogne fir do e puer Deeg mat de Schwësteren am “Carmel de la paix” ze verbréngen. Si invitéieren eis fir un hire Gottesdéngschter a Gebietszäiten deel ze huelen, fir mat de Schwësteren am Alldag ze schaffen an fir Erfahrungen a Begéinungen mam Land a mat de Leit ze hunn.

An engem zweeten Deel wäerte mir Taizé erliewen: eng ökumenesch Gemeinschaft, déi sech der Charge ugeholl huet fir jonk Mënschen opzehuelen a mat hinnen iwwer de Glawen ze schwätzen.
Dobäi wäerte mir d’Bourgogne mat hire kuckeswäerte Sitten kenne léieren: Beaune, Cluny, Dijon, Vezelay, Autun
fir nëmmen e puer intressant Plazen ze nennen, déi mer zesumme wäerte besichen a mat hire ganz verschiddene Facetten wäerten entdecken.

Verschidde Rallyën, Spiller a sportlech Aktivitéiten wäerten äis am Dagesoflaf begleeden an dofir suergen, datt déi eenzel Leit sech kenne léieren an  a Kontakt kommen. Sou kann eis Grupp zesummewuessen an eng onvergiesslech Zäit an der Bourgogne mateneen verbréngen.

Organisateur:

JEC (Jeunesse étudiante chrétienne) a Kooperatioun mat Kolping Lëtzebuerg an dem Kolpingswierk DV Tréier

Konditiounen a Leeschtungen: Matmaache kënne Jonker vun 13 Joer un.

Am Präis ass abegraff: D’Käschten vun der Rees, dem Ënnerdaach, an dem Iessen, all Entréeën an d’Assurance.

Umeldungen bis den 12. Juni 2019 beim Werner Michels oder der Elke Grün per Email mat dem ausgefëllten Umeldungsziedel. Oder den Umeldungsziedel kann ee perséinlech bei den zwou responsabele Persounen ofginn.

 werner@jec.lu      elke.gruen@cathol.lu

Fir Nofroen:

Werner Michels: 621 31 90 33

Elke Grün: 621 31 90 32 / 26 72 01 06

D’Zomm vun 390 € gëtt mat der Umeldung fälleg an ass op dëse Kont ze iwwerweisen: JEC CCPLLULL LU14 1111 0145 8030 0000

mat dem Vermierk: Camp 2019 + Numm a Virnumm

Umeldung fir erof ze lueden.

Post navigation